Hurrikan IsaiasVéier Doudesaffer am Südoste vun den USA

AFP, iwwersat vun RTL
Den Isaias ass den éischten Hurrikan, deen dëst Joer iwwert den Atlantik kënnt an deen éischten zanter 2014, deen op d'US-Festland trëfft
Den Huurrikan Isaias bréngt dem US-Wiederdéngscht no d'Gefor vun Iwwerschwemmunge mat sech.
Den Huurrikan Isaias bréngt dem US-Wiederdéngscht no d'Gefor vun Iwwerschwemmunge mat sech.
© RONALDO SCHEMIDT/AFP

Am Südoste vun den USA si véier Leit Leit duerch den Hurrikan Isaias ëm d'Liewe komm.

A Florida an an Alabama sinn Honnertdausende Stéit aktuell nach ouni Stroum. Den Stuerm war schonn e Freideg op Land getraff an huet sech zanterhier däitlech ofgeschwächt. Dem US-Wiederdéngscht no besteet awer weider Liewensgefor, ënner anerem duerch Iwwerschwemmungen.

Den Isaias ass den éischten Hurrikan, deen dëst Joer iwwert den Atlantik kënnt. D'Hurrikan-Saison fält dëst Joer iwwert dem atlanteschen Ozean wéinst dem Wiederphänomen El Nino méi schwaach aus ewéi soss. Et ass den éischten Hurrikan zanter 2024 deen op d'US-Festland trëfft.

Back to Top
CIM LOGO