Agefruerent russescht VerméigenVéier EU-Länner wëllen "nei Optioune" préiwen

AFP, iwwersat vun RTL
Véier EU-Memberstaaten hunn op en Neits an der EU agefruerent russescht Verméige fir d'Ënnerstëtzung vun der Ukrain an d'Spill bruecht.
Symbolbild
Symbolbild
© KIRILL KUDRYAVTSEV/AFP

Fachleit vun der EU-Kommissioun sollten "nei Méiglechkeete préiwen, wéi agefruere russesch Verméigenswäerter fir d'Ukrain kënnen agesat ginn", fuerderen d'Ausseminister vu Spuenien, Holland, Polen a Schweden an engem Bréif un d'EU-Aussebeoptraagt Kaja Kallas, deen der Noriichtenagence AFP virläit.

Et misst dofir gesuergt ginn, dass de Risk vun esou enger Moossnam op sämtlech EU-Memberstaate verdeelt gëtt a "kee Memberstaat eng onverhältnesméisseg Laascht dréit", heescht et am Schreiwes.

D'EU-Kommissioun hat d'lescht Joer proposéiert, agefruerent russescht Zentralbank-Verméige als Form vu Prêt fir Reparaturen der Ukrain zur Verfügung ze stellen. Dëst gouf no laangen Diskussiounen net realiséiert, ënner anerem wéinst de Bedenke vun der Belsch. D'Firma Euroclear mat Sëtz an der Belsch lagert de gréissten Undeel vu russesche Gelder. D'belsch Regierung hat an deem Kader Garantië vun den aneren EU-Länner verlaangt, wat der e puer refuséiert hunn.

D'Memberstaaten hu sech um Enn op eng 90-Milliounen-Euro-Hëllef fir d'Ukrain gëeenegt, déi duerch EU-Budget géigefinanzéiert gëtt. Déi véier EU-Memberlänner, déi de Bréif ënnerschriwwen hunn, si sech eens, dass déi Suen "net duer ginn". D'Ukrain bréicht "kuerz- wéi och laangfristeg méi finanziell Ënnerstëtzung", wéi nach aus dem Schreiwes ervirgeet.

Back to Top
CIM LOGO