
Am Bundesstaat Texas huet e Beamte vun der ëmstriddener US-Immigatiounsagence ICE en 28 Joer ale Mann aus dem Venezuela ugeschoss a schwéier blesséiert. D'Affer koum nom Tëschefall zu Austin an d'Spidol a koum duerno en vue vu senger zukünfteger Expulsioun an Haft.
Wéi d'Affekotin vum Venezuelaner, d'Kate Lincoln-Goldfinch, matgedeelt huet, wier de Mann e Sonndeg ugeschoss ginn, wärend hien als Liwwerant fir den Iessensliwwerdéngscht Doordash geschafft huet. Wéi et vum Ministère fir Heemechtsschutz heescht, hätt de Mann eng Schoss-Wonn um Uewerkierper dovugedroen. Hie wier an engem eeschten awer stabillen Zoustand an d'Spidol komm. Weider huet et geheescht, dass de Mann wärend der Amtszäit vum Joe Biden illegal agereest wier, an dass et e rechtskräftege Beschloss, fir seng Expulsioun géif ginn.
De Ministère ermëttelt da wéinst dem Asaz vun enger Schosswaff géint den ICE-Beamten. Ënnerstëtzung kritt en dobäi vum FBI.
D'Affekotin vum Venezuelaner an den demokrateschen Deputéierten am US-Representantenhaus Greg Casar hu confirméiert, dass de Mann aktuell an Haft ass. De Mann dierft aktuell awer net expulséiert ginn, sou de Casar. Hie wier nämlech de wichtegsten Zeie vum ICE-Agent sengem Schosswaffe-Gebrauch.
De Buergermeeschter vun Austin, de Kirk Watson vun den Demokraten, sot, hie wier rosen an enttäuscht doriwwer, dass eng Persoun op de Stroosse vun Austin ugeschoss gouf. Et wier zum Tëschefall komm, nodeems d'Zuel vun den ICE-Asätz zu Austin quasi iwwer Nuecht verstäerkt gi wieren. De Watson huet gefuerdert, dass déi lokal Police-Autoritéiten an der Saach enquêtéieren. Et kéint net sinn, dass ICE eleng enquêtéiert an aner Autoritéiten ausschléisst.
Zu Austin koum et nom Tëschefall zu Protester.