
An der Nuecht op e Freideg huet déi griichesch Regierung e Social-Media-Verbuet fir Kanner ënner 15 Joer decidéiert. Dem Vott war en Donneschdeg eng hëtzeg Debatt virausgaangen. Fir d'Reegelung, déi de Ministerpresident Kyriakos Mitsotakis schonn am Abrëll als "schwieregen, awer noutwennege" Schrëtt ugekënnegt hat, hu just d'Deputéiert vu senger konservativer Partei Nea Dimokratia gestëmmt.
Et géing sech ëm eng wierksam an noutwenneg Léisung handelen, déi am Aklang mam EU-Recht géing stoen, sou den Digitalminister Dimitris Papastergiou. Et wier ze einfach gewiescht, näischt ze maachen an op e perfekt europäescht Gesetz ze waarden, sou de Minister mat Bléck op d'EU-Pläng, déi diskutéiert ginn.
D'Oppositioun huet sech enthalen. Si hat Online-Netzwierker just fir Kanner ënner 13 Joer wolle verbidden. Bei Kanner am Alter tëscht 13 a 14 war et hire Virschlag, d'Benotzen ënner Opsiicht vun den Elteren z'erlaben. Vun de Lénksradikale war et d'Kritik, de Schutz vu Kanner kéint net gläichbedeitend si mat hirem Ausschloss duerch e pauschaalt Verbuet.
Dat gestëmmte Gesetz gesäit Alterskontrolle bei Usere vun Netzwierker vir. Entreprisen, déi dogéint verstoussen, riskéieren héich Geldstrofen. Australien war d'lescht Joer dat éischte Land weltwäit mat engem Social-Media-Verbuet fir Kanner a Jugendlecher. Zanterhier sinn a méi wéi 20 Länner änlech Gesetzer gestëmmt ginn, dorënner Frankräich, Dänemark a Spuenien. Zu Lëtzebuerg gëtt driwwer diskutéiert, awer op eng eenheetlech europäesch Léisung gewaart.