Fluchverkéier zäitweis gestéiert"Vermeintlech Loftnoutlag" um Nürnberger Fluchhafen

AFP, iwwersat vun RTL
De Fluchbetrib um Nürnberger Fluchhafen ass en Dënschdeg de Mëtteg agestallt ginn. Ausléiser war eng méiglech Siichtung vun enger Dron.
Symbolbild vun enger Dron
Symbolbild vun enger Dron
© Pixabay

De Fluchbetrib um Nürnberger Fluchhafen ass en Dënschdeg de Mëtteg agestallt ginn. De Grond dofir war e Policeasaz wéinst enger "vermeintlecher Loftnoutlag", esou e Spriecher vun der Police.

Schonn an der Nuecht op en Dënschdeg war de Fluchverkéier zäitweis gestéiert. Ausléiser war eng méiglech Siichtung vun enger Dron. Policeinformatiounen no hunn dräi Piloten onofhängeg vuneneen en Objet gemellt, dee si beim Start oder bei der Landung gesinn haten. Et kéint sech dobäi ëm eng Dron gehandelt hunn.

D'Grenzinspektioun vum Fluchhafen huet a Koordinatioun mam Albrecht-Dürer-Airport an der däitscher Fluchsécherung direkt Sich- an Detektiounsmesurë gestart. Dobäi ass ënner anerem e Policehelikopter agesat ginn. Eng Dron konnt awer net fonnt ginn.

Wärend dem Asaz koum et zu Aschränkunge beim Fluchbetrib. Et hu sech insgesamt sechs Flich verspéit, dovunner véier Departen. Zwou Maschinnen hu mussen aus Virsiicht op Köln, respektiv op Prag auswäichen, konnten hire Fluch op Nürnberg awer duerno fortsetzen.

Back to Top
CIM LOGO