Provënz-Walen am QuébecVictoire fir frankophon Separatiste-Partei

AFP, iwwersat vun RTL
D'Resultater komme just zwou Wochen, ier d'Provënz Alberta driwwer ofstëmmt, ob si de Prozess vum Austrëtt aus Kanada soll an d'Weeër leeden.
D'Victoire mécht de Paul St-Pierre Plamondon, en 49 Joer alen Affekot, bekannt ënnert sengen Initiale PSPP, zum nächste Premier vum Québec.
© ANDREJ IVANOV/AFP

D'Separatisten hunn e Méindeg d'Provënz-Walen am Québec gewonnen. Si verspriechen eng Ofstëmmung iwwer en Austrëtt aus Kanada, awer eréischt nodeems den US-President Donald Trump net méi am Amt ass. Dat stellt de Message vun der nationaler Eenheet vum Premier Mark Carney op d'Prouf.

Allerdéngs huet de Parti Québécois keng absolut Majoritéit am Parlament, wat de Federalisten e kléngen Trouscht gëtt.

D'Victoire vum Parti Québécois stellt d'kanadesch Politik trotzdeem op d'Kopp, grad zu engem Moment, wou d'Land mat engem Handelskrich an Annexiounsmenacë vun den USA konfrontéiert ass.

D'Resultater kommen och just zwou Wochen, ier d'Ueleg-Provënz Alberta, eng wirtschaftlecht Muecht, ofstëmmt, ob si de Prozess vum Austrëtt aus Kanada soll an d'Weeër leeden.

D'Victoire mécht de Paul St-Pierre Plamondon, en 49 Joer alen Affekot, bekannt ënnert sengen Initiale PSPP, zum nächste Premier vum Québec.

Op enger Feier zu Montreal huet hien op de "couragéierte Kampf" vun de Francophonen higewisen, déi an enger Welt liewen, déi ëmmer méi vun Engleschsproochegen dominéiert gëtt.

Dëse Kampf "kritt seng Bedeitung eréischt, wann d'Francophonen hiert eegent Land kréien", esou de Paul St-Pierre Plamondon. "Mir verdéngen dat", sot hien a bezeechent e Referendum als Chance, "fir iwwer eis national Zukunft ze decidéieren."

De Mark Carney huet dem Paul St-Pierre Plamondon gratuléiert a gesot, "e méi staarke Québec ze bauen, ass en Haaptdeel vun eiser Missioun, e méi staarkt Kanada ze bauen".

De Premier bleift am Québec beléift. D'Victoire vun de Seperatiste gëtt net als Ofleenung vu senger Haltung vis-à-vis vum Donald Trump gesinn, deem seng konfrontativ Politik vill Kanadier rose gemaach huet.

De Comeback vum Parti Québécois gëtt mat der Frustratioun iwwer d'Liewenskäschten an dem Wonsch verbonnen, d'franséisch Sprooch ze schützen.

Ëmfroe weisen, datt nëmmen 30% vun de Leit an der Provënz Québec fir d'Onofhängegkeet sinn. De Paul St-Pierre Plamondon hält trotzdeem un engem Referendum fest.

AFP News

Back to Top
CIM LOGO