Bekannt duerch "Y.M.C.A."Victor Willis vun de "Village People" am Alter vu 74 Joer gestuerwen

RTL mat AFP
De Victor Willis war de Sänger vun der Band Village People. En Dënschdeg ass hien am Alter vu 74 Joer gestuerwen.
© Photo by TOMMASO BODDI / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / GETTY IMAGES VIA AFP

De Sänger vun der Band Village People Victor Willis ass dout. Hien ass en Dënschdeg am Alter vu 74 Joer un enger "kuerzer, ma aggressiver" Krankheet gestuerwen, wéi seng Fra e Mëttwoch an de Sozialen Netzwierker matgedeelt huet. E Mëttwoch wier hien eigentlech 75 Joer al ginn.

De Willis war bei Optrëtter vun de Village People, déi ënner anerem duerch hiren Disco-Hit "Y.M.C.A." weltbekannt sinn, ëmmer als Polizist verkleet.

Back to Top
CIM LOGO