
De Video gouf awer mat Kënschtlecher Intelligenz erstallt, wéi Analyse vu KI-Erkennungstoole weisen. Ausserdeem weist de Clip visuell Onstëmmegkeeten op an d’AFP huet keng zouverlässeg Medieberichter iwwer esou en Evenement fonnt.
“PARÄIS ASS GELÄÄMT”, steet an der Beschreiwung vum Facebook-Video vum 8. Januar 2026. “ALL d’Stroossen, déi a Richtung Paräis féieren, gi BLOCKÉIERT”. Am Video sinn eng Abberzuel Trakteren ze gesinn, déi op enger Autobunn stinn an esou d’Fuerbunne verspären. Am Hannergrond vum Video ass den Eiffeltuerm ze gesinn. Eng weiblech Stëmm seet op Franséisch, dass ee vun engem Helikopter aus déi laang Reien u Camione gesi kéint.
De Video gouf och op X, Instagram an Telegram verbreet souwéi op Sproochen wéi Franséisch, Griichesch, Hollännesch a Spuenesch.

De Video ass awer net authentesch. D’AFP huet erausfonnt, dass e mat Kënschtlecher Intelligenz (KI) erstallt gouf.
Am Dezember 2025 ware Baueren a Bauerinnen a Frankräich op d’Strooss gaangen an hunn dës ënner anerem blockéiert. Den Ausléiser war d’Virgoensweis vun der Regierung beim Ausbroch vun der Lumpy-Skin-Krankheet, déi bei Béischten duerch Viren ausgeléist gëtt, an déi allgemeng Onzefriddenheet mat der franséischer Agrarpolitik, déi wirtschaftlech Onsécherheeten an Ëmweltvirschrëften abegraff.
Weider Demonstratioune gouf et e bësse méi spéit géint d’Fräihandelsofkommes vun der EU mat de südamerikanesche Mercosur-Staaten - Brasilien, Paraguay, Argentinien an Uruguay. Et soll der EU-Kommissioun no déi weltwäit gréisst Fräihandelszon schafen an den Handel tëscht de 27 EU-Memberstaaten an de Mercosur-Länner ukierpen.
D’Ofkommes stéisst awer op breede Widderstand bei Baueren a Bauerinnen. Si fäerten, dass zousätzlech 99.000 Tonne vu bëllegem Rëndfleesch aus dem Agrarland Brasilien a sengen Nopeschlänner d’europäesch Landwirtschaft destabiliséiere kéinten. An Däitschland waren d’Protester méi kleng ausgefall wéi an aneren EU-Staaten. (Zu Lëtzebuerg hunn d’Baueren hiert Onverständnis mat Communiquéen an Interviewen zum Ausdrock bruecht.)
Den 21. Januar 2026 hat d’Europäescht Parlament awer decidéiert, d’Ofkommes un den Europäesche Geriichtshaff (EuGH) ze verweisen. E muss elo préiwen, ob d’Fräihandelsofkommes mam EU-Recht am Aklang ass - eng Prozedur, déi ongeféier 18 Méint dauert. D’Europäesch Kommissioun kéint de Vertrag provisoresch unzewenden, wärend d’EU op d’Entscheedung vum EuGH waart. Ënner anerem den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz (CDU) huet dës Fuerderunge geäussert.
Aus Protest géint d’Ofkommes ware franséisch Baueren a Bauerinnen den 8. Januar 2026 mat hiren Trakteren op Stroossen, déi Richtung Paräis féieren, ënnerwee a stoungen och bei enger Rei Monumenter an der franséischer Haaptstad. E puer Deeg méi spéit, den 13. Januar 2026, hu méi wéi 350 Trakteren an der Géigend vum franséische Parlamentsgebai geparkt.
Eng ëmgekéiert Billersich mat Standbiller vum Video huet zu engem franséischsproochegen X-Bäitrag vum 6. Januar 2026 geféiert. Dobäi handelt et sech ëm déi fréist Versioun vum Video, déi d’AFP fanne konnt.
En Notzer huet kommentéiert, dass d’Opnam mat KI erstallt gi wär, wouropshin d’Autorin vum urspréngleche Bäitrag dës Suppositioun confirméiert huet. “Dofir gouf KI entwéckelt”, huet si geschriwwen an huet bäigefüügt, dass et sech an dësem Fall ëm e “Prodrom vun enger sech ofzeechnender Realitéit” handele géif. D’AFP konnt net ermëttelen, ob et sech bei dësem X-Bäitrag ëm déi ursprénglech Quell vum Video handelt.
Am Video sinn eng Rei visuell Onstëmmegkeeten erkennbar, déi charakteristesch fir KI-generéiert Contenue sinn.
Sou fält beim Ofspille vum Video op, dass ënnert engem vun de Camionen, deen op der Autobunn fiert, am Verlaf vum Clip wäiss Stroossemarkéierungen opdauchen, déi ursprénglech net do waren.

Doriwwer eraus schéngt d’Autobunn am Video aacht Spuere mat der selwechter Fuerrichtung ze hunn. Franséisch Autobunnen hunn awer an der Reegel zwou bis dräi Fuerbunne pro Richtung. Ausserdeem schéngt e Camion matzen op der rietser Fuerspuer ugehalen ze hunn oder ganz lues ze fueren, wärend déi aner Gefierer mat héijer Vitess weiderfueren.
Den 8. Januar 2026 hate franséisch Baueren a Bauerinne Medieberichter no eng Hickecht u Stroosse Richtung Paräis blockéiert, dorënner d’A13, déi vun de westleche Banlieuen an der Normandie op Paräis féiert.
E Verglach tëscht der tatsächlecher A13 an der am Video gewisener Autobunn weist och keng Änlechkeeten op.

Et gëtt däitlech, dass d’A13 keng ronn aacht Fuerbunnen an déi selwecht Richtung huet an d’Autobunn duerch e gréngen Terre-plein (Mëttelsträifen) gedeelt ass.

Franséisch Baueren a Bauerinnen hate bei Protester op verschiddenen Deeg am Januar 2026 och aner Autobunnen a Frankräich blockéiert, dorënner d’A31 an d’A63. Si änelen awer net därjéineger, déi an dësem am Internet gedeelte Video ze gesinn ass.
D’AFP huet keng seriö Medieberichter doriwwer fonnt, dass Paräis tëscht dem 6. an dem 8. Januar 2026 duerch d’Protester vun de Bauere “geläämt” gi wär. Dat ass den Zäitraum, an deem Bäiträg mam Video a verschiddene Sproochen ugefaangen hunn, gedeelt ze ginn.
D’AFP hat op Franséisch gemellt, dass den 9. Januar 2026 e puer Dose Membere vum franséische Landwirtschafsverband Confédération Paysanne mat sechs Trakteren op de Paräisser Boulevard Périphérique gefuer waren, dee ronderëm d’Stad féiert. Do hate si an de fréie Moiesstonnen de Verkéier blockéiert.
D’AFP huet de franséischsproochegen Audio vum Video, deen och an den däitschsproochege Bäiträg ze héieren ass, mat dem KI-Erkennungstool Hiya vun InVID WeVerify, un deem senger Entwécklung d’AFP bedeelegt ass, analyséiert. Den Tool koum zum Resultat, dass den Toun mat enger Warscheinlechkeet vun 98 Prozent KI-generéiert ass.

Eng weider Ënnersichung mam Audio-Analystool Deepfake Total vum Fraunhofer-Institut für Angewandte und Integrierte Sicherheit ergouf eng Warscheinlechkeet vun 99,5 Prozent, dass den Toun mat KI erstallt gouf.

All Versioune vum Video, déi d’AFP fanne konnt, sinn héchstens 15 Sekonne laang. Dat ass eng typesch Längt fir KI-generéiert Videoen, well gratis KI-Tools dacks net fäeg sinn, méi laang zesummenhänkend Sequenzen ze produzéieren.
D’AFP huet an der Vergaangenheet scho Falschinformatiounen iwwer Bauereprotester a Kënschtlech Intelligenz widderluecht.
Fazit: E Video, deen angeeblech weist, wéi eng Abberzuel Trakteren eng Paräisser Autobunn Ufank Januar 2026 blockéiert hunn, ass KI-generéiert. Dorop weise visuell Onstëmmegkeeten hin. Och KI-Toole fir eng Analys ergoufen, dass e mat Kënschtlecher Intelligenz generéiert gouf.
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.