Razzie vun 1943 zu MarseilleVirgoen aus NS-Zäit als Verbrieche géint d'Mënschlechkeet unerkannt

RTL mat AFP
No jorelaange Prozesser an Diskussiounen huet déi franséisch Justiz d'Razzie vun 1943 zu Marseille als "crime contre l'humanité" unerkannt.
De Quartier ronderëm den alen Hafe vu Marseille war 1943 vun den Nazie gréisstendeels gesprengt ginn.
De Quartier ronderëm den alen Hafe vu Marseille war 1943 vun den Nazie gréisstendeels gesprengt ginn.
© AFP

Déi franséisch Justiz huet d'Razziae vun 1943 zu Marseille als "Verbrieche géint d'Mënschlechkeet" unerkannt. Iwwerliewender an hir Nokommen hate jorelaang dofir gestridden. D'Enquête, déi 2019 opgemaach gi war, huet awer keng Nimm ervirbruecht vun eventuelle Bedeelegte vun deemools, sou de Procureur national antiterroriste Olivier Christen e Mëttwoch zu Marseille.

Op Uerder vun den Nazie war et tëscht dem 22. an dem 24. Januar 1943 zu Marseille, a Kollaboratioun mam Vichy-Regimm, an enger Rei Secteure ronderëm de Quartier du Vieux Port an der Alstad zu Razziae komm. Cibléiert ware Membere vun der Résistance, illegal Awanderer a Judden. Zirka 6.000 Persoune ware vun der Wehrmacht a franséischen an däitsche Poliziste festgeholl ginn. Am concernéierte Staddeel war d'Résistance aktiv. Duerno waren d'Haiser gesprengt ginn. Ronn 20.000 Persoune ware vun den Iwwergrëffer betraff an op Fréjus evakuéiert ginn. Dausende sollten agespaart a méi wéi 1.600 Leit deportéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO