
De gréissten aktive Vulkan vun Europa huet e Samschdeg eng riseg Wollek aus Damp an Äschen erausgestouss. Um Fluchhafe Catania gouf dowéinst de Fluchverkéier ënnerbrach an all d'Flich op a vum Fluchhafe gestrach.
Wéinst der "eruptiver Aktivitéit" vum Ätna an de Vulkanäschen, déi doduerch an d'Atmosphär fräigesat ginn, wier de Loftraum am Beräich vun der Wollek gespaart ginn, heescht et vum Fluchhafen.
D'Insel Sizilien gehéiert zu de beléiftste Vakanzendestinatiounen an Italien. 2024 huet de Fluchhafe Catania ronn 12 Millioune Passagéier gezielt.
Den 3.324 Meter héijen Ätna ass de gréissten aktive Vulkan vun Europa. Zanter op d'mannst 500.000 Jore brécht e reegelméisseg aus.