Zanter e Sonndeg späizt de Vulkan Kilauea op Hawaii nees Lava a suergt domadder fir spektakulär Biller an der Däischtert.
Den USGS, also d'US-Autoritéit fir geologesch Observatiounen, huet d'Alerte vum Vulkan op Orange, woumat een eng Warnung ausschwätzt, gelooss. Dëst bedeit, datt eng méiglech groussflächeg Fontaine aus Lava wärend dem aktuellen Ausbroch weiderhin optriede kann. Hei schwätzt ee vun enger "Episode 55".
D'Wëssenschaftlecher vum USGS deele mat, datt de Vulkan zanter dem 23. Dezember 2024 ëmmer nees vun Ausbréch betraff ass. De Kilauea gehéiert weider zu de aktiivste vulkanesche Plazen op der Welt.