Zürecher Séi Waasserstand esou niddereg, wéi zanter 75 Joer net méi

AFP, iwwersat vun RTL
Wéinst der laanger Dréchent ass de Waasserstand vum Zürecher Séi an der Schwäiz op säin niddregste Niveau zanter dem Ufank vun den Opzeechnunge viru 75 Joer gefall.
Koppel um Bord vun engem Séi
Koppel um Bord vun engem Séi
© MICHAEL NGUYEN/NurPhoto via AFP

De Peegel ass e Mëttwoch op 404,45 Meter iwwert dem Mieresspigel gefall an huet domat den déifste Stand zënter Ufank vun de Miessungen am Joer 1951 erreecht, wéi déi national Schwäizer Ëmweltagence matgedeelt huet.

Wéi a ville Regioune vun Europa war et och an der Schwäiz dëst Joer aussergewéinlech waarm an dréchen. Laut der Ëmweltagence leien d'Waasserstänn dowéinst a verschiddene Séien ënnert dem Niveau, deen am Summer üblech ass. Dat gëllt ënner anerem fir de Bodensee an de Lago Maggiore. Den Zürecher Séi ass bis elo awer deen eenzege Séi, bei deem e Rekord-Déifstand festgestallt gouf, sot e Spriecher vun der Autoritéit géintiwwer der Noriichtenagence AFP.

De Färe-Verkéier tëscht Horgen um Westufer a Meilen um Ostufer ass wéinst dem niddrege Waasserstand limitéiert. De Bedreiwer huet dës Woch matgedeelt, datt schwéier Gefierer wéi Camione bis op Weideres net méi mat der Fär iwwer de Séi transportéiert kënne ginn.

De Zürecher Séi ass de sechstgréisste Séi an der Schwäiz. Am Duerchschnëtt ass e gutt 50 Meter déif; op senger déifster Plaz erreecht en eng Déift vun 136 Meter.

Back to Top
CIM LOGO