23,6 Grad Celsius an der MoyenneWäermste Summer zanter Ufank vun den Opzeechnungen an den USA

AFP, iwwersat vun RTL
Vun de fënnef wäermste Summer an der Geschicht vun den USA falen der véier an d'Period no 2021.
D'Hëtzt huet New York fest am Grëff
D'Hëtzt hat och New York dëse Summer fest am Grëff
© CHARLY TRIBALLEAU/AFP

Dëse Summer war an den USA dee wäermsten, zanter dass virun 130 Joer mat der Opzeechnung vun de Wiederdonnéeën ugefaange gouf. Wéi d'US-Agence fir Klimafuerschung NOAA e Mëttwoch matdeelt, louch déi kontinental duerchschnëttlech Temperatur tëscht Juni an August dëst Joer an de Vereenegte Staate bei 23,6 Grad Celsius. Dat sinn 0,2 Grad méi wéi an de Joren 1936 an 2021 an deenen déi viregt Rekorder opgestallt goufen. Dëst Joer hunn d'USA iwwerdeems esouwuel hire wäermste Juli, wéi och hire wäermsten August zanter dem Ufank vun den Opzeechnungen erlieft.

Vun de fënnef wäermste Summer an der Geschicht vun den USA falen der véier an d'Period no 2021. Klimafuerscher gesinn dat als e weidere Beweis dofir, dass de Klimawandel vu Mënsche gemaach ass. Den US-President Trump schéngt dat anescht ze gesinn. Hien huet de Klimaschutz ëmmer nees als grousse Bedruch bezeechent an huet no sengem Amtsuntrëtt am Januar 2025 den Ausstig vun den USA aus dem Paräisser Klimaaccord decidéiert.

An den USA kloen d'Baueren iwwerdeems, dass et zanter dem Fréijoer vill ze dréchen ass. An de gréisste Waasserreservoire vum Land, de Stauséie Lake Mead a Lake Powell sinn d'Peegelen enorm niddereg.

Back to Top
CIM LOGO