Wéinst enger SécherheetslacuneWebsäiten an Online-Déngschter weltwäit am Viséier vu Cyberattacken

Maxime Gillen
RTL Lëtzebuerg
Fir normal Utilisateuren, déi um Handy oder Computer den Internet notzen, besteet aktuell keen direkte Risiko, well d'Sécherheetslacune op de Serveren am Hannergrond ass.
Eenzel Sécherheetsastellunge kënnen de Risiko reduzéieren, mee nëmmen en Update bitt eng komplett Léisung.
© VICTOR DE SCHWANBERG/SCIENCE PHO/Science Photo Library via AFP

D'Entwéckler vun der wäit verbreeter Programméiersprooch PHP warnen e Mëttwoch virun zwou kritesche Sécherheetslücken, déi et Hacker erméigleche kënnen, ouni Login oder Passwuert e schiedleche Code op engem Webserver auszeféieren.

Cybersécherheetsautoritéiten an der EU an an anere Länner fuerderen d'Bedreiwer vu Websäiten op, hir PHP-Installatiounen direkt ze aktualiséieren. Wien net direkt aktualiséiere kann, soll iwwerleeën, betraffe Systemer temporär offline ze huelen.

Onéierlecher kéinten déi komplett Kontroll iwwert eng Websäit iwwerhuelen, sensibel Datebanken a Clientsdonnéeë klauen oder d'Infrastruktur fir weider Cyberattacke mëssbrauchen.

An Däitschland hunn d'Autoritéiten dowéinst eng offiziell Warnung erausginn.

Eng Rei Administratiounen, Universitéiten a Spideeler hunn hir Online-Plattforme bis op Weideres ausgemaach, fir kengem eng Chance ze ginn, si z'attackéieren.

Och hei am Land war e Mëttwoch schonn eng Evaluatiounscellule fir Cyber-Risiken zesummen. Dës stuuft de Risiko als héich an an huet eng Rei preventiv Mesuren decidéiert, fir potentiell concernéiert Systemer ze schützen.

Ob e Lien besteet, ass nach net etabléiert, ma hei am Land sinn antëscht och eng Rei Sitten net méi accessibel, wéi dee vun der Chamber, der Ville de Luxembourg, der Rockhal oder der Finanzopsiicht CSSF.

Back to Top
CIM LOGO