VR-Therapie am KrichsgebittWéi den Trauma vu Kanner a Gaza mat virtueller Realitéit verschafft gi soll

AFP
Iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
Zu Al-Zawayda, am Zentrum vu Gaza, steet säit gewësser Zäit e wäisst Zelt, an deem Kanner wuertwiertlech an eng aner Welt andauche kënnen.
VR-Therapie fir Kanner a Gaza
Zu Al-Zawayda, am Zentrum vu Gaza, steet säit gewësser Zäit e wäisst Zelt, an deem Kanner wuertwiertlech an eng aner Welt andauche kënnen.

Mat Hëllef vu VR-Brëlle gëtt de Kanner eng Méiglechkeet ginn, den Trauma aus dem Krichsalldag aus de leschten zwee Joer ze verschaffen. Wéi den Jonathan Crickx, Spriecher vun der UNICEF, der AFP géigeniwwer gesot huet, géifen “all Kanner an der Gazasträif Ënnerstëtzung fir déi mental Gesondheet a psychologesch Hëllef no zwee Joer horrendem Krich brauchen”. Och d’WHO huet schonn op d’Ëmstänn opmierksam gemaach, datt et a Gaza u psychologescher Hëllef, virun allem fir déi Jonk, feelt. Duerch dës Therapie ginn d’Kanner virtuell an eng aner Welt gesat, an där “gréng Wisen, roueg Plagen a sécher Stied” ze gesi sinn. An anere Wierder, eng Plaz, an där Fridden ass.

Ech gesi Villercher”, sou e Jong, dee wéinst dem Krich am Rollstull sëtze muss. Een anere streckt mat engem breede Laache seng Hänn viru sech aus, fir d’Zenerie viru sech ze paken. Een Drëtte rifft en Hond bei sech, deen an der virtueller Welt op en duer leeft. “Et ass alles voller Beem. Näischt ausser Beem, Gras a Blummen”, sou de 15 Joer ale Salah Abu Rukab, deen am Krich um Kapp blesséiert gouf.

De Responsabelen Abdalla Abu Shamale erkläert, firwat dës VR-Brëlle méi wéi just en Entkommen aus der Realitéit ass:

Mir sinn an der Lag, Spiller ze designen, déi en therapeutescht a preventiivt Zil hunn, dat de Kanner hëlleft, hir Situatioun ze bewältegen an an hirem Liewe besser domat ëmgoen ze kënnen. No engem Joer, an deem ech mat ville Kanner, dorënner amputéierte, blesséierten an extreem traumatiséierte Kanner geschafft hunn, huet sech dës Method als immens effektiv erausgestallt.

Wärend fir eng normal Therapie 10 bis 12 Sëtzunge gebraucht ginn, géif een der mat VR nëmme 5 bis 7 Sëtzunge brauchen, sou de Shamala vis-à-vis vun der AFP weider.

Zanter dem 10. Oktober ass tëscht Israel an der Hamas eng Wafferou, déi sech awer ëmmer nees vun enger fragiller Säit weist.

Back to Top
CIM LOGO