De Schuman kënnt den 29. Juni 1886 a Clausen op d'Welt. Säi Papp, de Jean-Pierre Schuman, kënnt vun Évrange (Iewrengen) am deemolege Loutrengen, just hanner Fréiseng. Seng Mamm Eugénie Dueren war vu Munneref. Obwuel hie spéider eng international Karriär gemaach huet, blouf seng Verbindung mat Lëtzebuerg säi ganzt Liewe staark bestoen. Hien huet säi lëtzebuergeschen Accent och säi Liewe laang behalen.
Seng Mamm hat e besonneschen Afloss op hien. Si huet him de kathoulesche Glawen an och d'Léift fir d'Musek vermëttelt. Wéi si 1911 bei engem trageschen Accident ëm d'Liewe koum, war de jonke Schuman schwéier getraff. An där schwéierer Zäit huet hien esouguer dru geduecht, seng Studien opzeginn, fir Paschtouer ze ginn.
Nom Studium vun der Jurisprudenz zu Bonn, Berlin, München a Stroossbuerg ass hien 1919 an d'Politik gaangen. Als Deputéierte vun der Regioun "Moselle" huet hie sech séier en Numm gemaach. De Schuman, deen tëscht der däitscher a franséischer Kultur opgewuess war, sollt spéider eng entscheedend Roll an der europäescher Geschicht spillen.
Den Zweete Weltkrich huet hien déif gepräägt. Als franséische Staatssekretär gouf hie vun der Gestapo verhaft a stoung ënner Hausarrest. Mat engem falsche Pass konnt hien awer flüchten an huet sech ënner anerem a Kléischter verstoppt. Op säi Kapp war eng héich Belounung ausgesat.
An der Nokrichszäit war de Schuman iwwerzeegt, datt et nëmme Fridden an Europa kéint ginn, wa Frankräich an Däitschland géifen zesummeschaffen, amplaz géinteneen ze kämpfen. Aus där Iddi ass de Schuman-Plang entstanen, deen hien den 9. Mee 1950 zu Paräis presentéiert huet. Kuel a Stol, déi wichtegst Grondlage vun der Waffenindustrie, sollten net méi vun eenzele Staaten, mee zesumme verwalt ginn.
Dës Schuman-Deklaratioun gëllt haut als Gebuertsstonn vun der europäescher Unioun. Schonn 1951 ass op där Basis d'Europäesch Gemeinschaft fir Kuel a Stol gegrënnt ginn, d'Ceca, de Virleefer vun der haiteger Europäescher Unioun.
Hie war vun 1958 bis 1960 den éischte President vun der Europäescher Parlamentarescher Versammlung, de Virleefer vum haitegen Europaparlament.
No enger laanger Karriär als Minister, Regierungschef a grousse Verfechter vum europäesche Projet huet de Robert Schuman sech 1963 aus der Politik zeréckgezunn. Kuerz drop ass hien de 4. September 1963 a sengem Haus zu Scy-Chazelles bei Metz gestuerwen.
D'Haus vum Robert Schuman zu Scy-Chazelles ass haut e Musée. Do huet de "Papp vun Europa" bal 40 Joer gelieft. De Musée erzielt säi Liewenswee a weist wéi seng Iddien de Grondsteen fir d'Europa vun Haut geluecht hunn.