Soll "arméiert" gewiescht sinnWeider Persoun zu Minneapolis vun US-Agenten erschoss

RTL mat AFP
E weideren Tëschefall mat ICE-Agenten an engem Doudesaffer suergt net dofir, datt d'Situatioun zu Minneapolis sech berouegt.
ICE-Agente bei Protester géint hiren Asaz, nodeem si viru Ronn dräi Wochen d'Renee Good erschoss haten.
ICE-Agente bei Protester géint hiren Asaz, nodeem si viru ronn dräi Wochen d’Renee Good erschoss haten.
© ROBERTO SCHMIDT/AFP

E Mann gouf e Samschdeg zu Minneapolis vun US-Agenten erschoss. Den Autoritéiten no soll hien arméiert gewiescht sinn an et sech “mat Gewalt widdersat”, wéi d’Agenten him seng Waff wollten ofhuelen. Esou op alle Fall stellt Homeland Security d’Situatioun duer.

Well hien ëm säi Liewen an ëm d’Liewe vun den anere Beamte gefaart huet, huet ee vun den Agenten, fir sech ze verdeedegen, geschoss. Medezinner op der Plaz hunn direkt reagéiert an dem ‘Subjekt’ gehollef. Trotzdeem hu si hien nach op der Plaz missten als Doud erklären”, heescht et vum Departement of Homeland Security op X. Weider heescht et, datt d’Schëss wärend engem Asaz gefall sinn, bei deem “illegal Immigranten, déi wéinst aggressiven Attacken zu Minneapolis gesicht goufen”. Beim Affer soll et sech ëm en 51 Joer ale Mann handelen.

Och de Buergermeeschter vu Minneapolis huet scho reagéiert an den US-President Donald Trump opgefuerdert, d’ICE-Operatioun a senger Stad op en Enn ze bréngen. De Gouverneur vum Minnesota, dee jo géint den Donald Trump als Kandidat vum Vizepresident vum Kamala Harris ugetruede war, Tim Walz hat den Tëschefall als “fuerchtbaren” Schosswaffevirfall duerch Bundespolizisten bezeechent. “Minnesota huet es sat”, huet de Walz weider geschriwwen. “Dat ass degueulasse.” Och hien huet gefuerdert, datt den Donald Trump déi “dausende gewalttätegt an net forméiert Polizisten aus Minnesota” soll ofzéien.

Back to Top
CIM LOGO