
Frankräich preparéiert sech op e weidere Protestdag e Samschdeg. De President Macron hat jo annoncéiert, datt net all Manifestatioun géif erlaabt ginn. Dat héchst Zil wier aktuell, datt een "Zeréck zur Rou" géif kommen, huet de franséische President en Donneschdeg annoncéiert.
Just Protester, déi vu Gewerkschaften organiséiert ginn, géife gréng Luucht kréien. Et misst ee fir Rou suergen an d'Commerçanten an ëffentlech Gebaier schützen. No engem Treffe mat Vertrieder vu Geheimdéngscht a verschiddene Ministeren zu Paräis, gouf festgehalen, datt Gruppen "ouni Legitimitéit" e Samschdeg keng Protester dierften organiséieren.
Zu Paräis krut just ee vun zwee Cortègen eng Autorisatioun. Zu Lyon oder am Zentrum vun Nice sinn all Versammlunge verbueden, genau wéi och zu Limoges, wou jo dat historescht Stadhaus den Ausschreidungen zum Affer gefall ass.
Den Emmanuel Macron sot, datt déi "ultralénks" Gruppe probéieren, "d'Republik zum Falen ze bréngen". Si hätten de leschte Weekend revoltéiert a wieren "eng grouss Gefor". Strofdote misste mat "ganzerHäert" poursuivéiert a bestrooft ginn. Virun de fir e Samschdeg geplangten neie Protester ass e Freideg ënnert senger Féierung eng Sëtzung vum Verdeedegungsrot mat verschiddene Ministeren. Dobäi sollen nach "weider Decisioune" geholl ginn, esou de Macron.
Et gëtt awer och scho Widderstand géint d'Annonce vum Macron. Virum Staatsrot goufe Recoursen agereecht. Et géif keen Text ginn, deen déi Decisioun géif rechtfäerdegen.
Um Ufank vun de Protester sti jo u sech d'Kriticken an d'Onzefriddenheet vun de Schüler wéinst schlechte Conditiounen an de Schoulen.
Den Emmanuel Macron empfänkt e Freideg de Mëtteg déi wichtegst Associatiounen, déi d'Schüler vertrieden, am Elysée.