
China preparéiert sech op de Stuerm "Dolphin". Ier den Taifun e Sonndeg den Owend oder spéitstens e Méindeg de Moien am Oste vum Land ukënnt, sinn iwwer 1.000 Flich gestrach ginn an Dausende Leit hu missen a Sécherheet bruecht ginn. D'Wiederdéngschter hunn déi héchst Alarmstuf ausgeruff.
De Stuerm hat schonn a Japan, op der Insel Okinawa, fir vill Reen a staarke Wand gesuergt. Dobäi goufe siwe Leit blesséiert.
Elo gëtt erwaart, datt den Taifun d'Provënze Zhejiang oder Fujian erreecht. Do gëtt mat ganz staarkem Reen gerechent. Och zu Shanghai an an anere Géigende vum Oste vu China sollen an de nächste Stonnen zum Deel grouss Reequantitéiten erof kommen.
An der Provënz Fujian si bal 99.000 Leit evakuéiert ginn. Ausserdeem ass de Färverkéier op méi wéi 200 Strecken agestallt ginn.
Zu Shanghai goufen no offiziellen Donnéeë bal 1.400 Flich annuléiert. Och um Fluchhafe vun Hangzhou si vill Verbindunge gestrach ginn. Zousätzlech fueren op verschiddene Strecken och keng Zich méi.
Och Taiwan kritt d'Auswierkunge vum Stuerm ze spieren. Do goufen Dosende Färverbindunge gestoppt an iwwer 180 Flich gestrach. Am Norde vun der Insel suergen de Wand an de Reen zanter e Sonndeg fir Problemer.
Eréischt virun zwou Wochen hat de Taifun "Noul" Deeler vu Südchina getraff. Virdru war hien iwwer d'Philippinne gezunn, wou dräi Mënschen ëm d'Liewe komm waren.