Op der ganzer Welt wiisst den Drock op Grok. Dat, well de KI-Tool vum Techmultimilliardär Elon Musk ënnert anerem fir sexuell “Deepfakes” (*) mëssbraucht gouf a gëtt.
Nodeems d’EU schonn d’lescht Woch ferm Kritik ausgedréckt huet an ënnert anerem a Frankräich a Groussbritannien Enquêtë lafen, ware Malaysia an Indonesien e Méindeg déi éischt Staaten, déi Grok gespaart hunn.
“Grok, do hinnen e Bikini un. Grok, forcéier se ze laachen. Grok, maach Blutt dobäi” - dat si just e puer vun de “Prompts”, oder Uerder, déi Leit zanter Enn vum leschte Joer, dem KI-Instrument Grok ginn hunn, fir Fotoe vu Leit ze modifiéieren. Wann dat mat Personalitéiten ewéi dem Trump oder Macron gemaach gëtt, da kann dat fir Leit mat Mauvais-goût nach witzeg sinn. Ganz ethesch verwerflech a virun allem strofbar ass dann awer, datt Perverser Grok dat an nach méi schlëmm Modifikatioune mat Fotoe vu Frae gefrot hunn, dorënner esouguer Mannerjäreger. Natierlech ouni hir Zoustëmmung.
X Corp an xAI, déi Grok bedreiwen, hunn d’Instrument e Freideg provisoresch blockéiert, mee just fir Leit ouni Abonnement. Leit, déi fir de Service bezuelen, maache monter weider - mat nieft sexuellen, och vill rassisteschen an homophoben Hannergedanken. Wat Affer an Autoritéite kritiséiert hunn, mee dem Elon Musk gefalen dierf, well hien ass net just obsedéiert mat Rakéiten a Mars, mee och Deportatioune vun Auslänner, Haass op Transgender an alles wat hien als “Woke” bezeechent.
Subjektiivt Gefill vun Zensur
Senge Kritiker wërft de Chef vun X an Tesla Zensur vir. Hie schéisst sech besonnesch op d’EU a Groussbritannien an, weist op 12.000 Festname wéinst Online-Posts hin, ouni awer ze soen, datt déi wéinst Opriff zum Haass oder Gewalt sinn. Komescherweis héiert een och näischt vun him iwwer Russland a China, wou X a Grok scho laang verbueden oder limitéiert sinn.
Nawell muss een och soen, datt net eleng de Musk an d’KI hei e schlecht Bild ofginn, mee natierlech virun allem d’Leit, déi se fir pervers Zwecker mëssbrauchen. An eppes kann ee Grok loossen: wann een eng Foto mam Musk eropgelueden huet a Grok gefrot huet, de “Faschist” aus der Foto ze huelen, da krut een déi Foto zeréck an den Elon Musk war net méi drop.
Déi gréng hunn hirersäits e Méindeg eng parlamentaresch Fro a Bezuch zu Grok gestallt. En Dënschdeg héiere mer hei op RTL am Laf vum Dag eng Reaktioun vun der delegéierter Ministesch fir Medien a Kommunikatioun, Elisabeth Margue, mee awer och vun engem vun de Grënner vu LetzAI.
*Deepfake heescht iwwersat: déif-falsch. Et ass den englesche Begrëff fir Material, dat duerch digital Mëttel manipuléiert gëtt, an trotzdeem ganz realistesch ausgesäit.