UN-Rapport schléit AlarmWelt steiert op 2,8 Grad global Erwiermung duer

AFP, iwwersat vun RTL
Den UN-Ëmweltprogramm "Unep" huet hiren "Emissions Gap Report" presentéiert.
Situatioun am Héije Venn e Sonndeg den Owend géint 22:30 Auer
Bëschfeieren ewéi dat am Héije Venn ginn duerch de Klimawandel ëmmer méi probabel.
© Tom Zeyen

D'international Communautéit wier geféierlech wäit dovu fort, hir Klimaziler ze erreechen. Dat geet aus engem Rapport vum UN-Ëmweltprogramm "Unep" ervir. Déi aktuell national Klimaschutzmesurë géife bei Wäitem net duergoen an déi weltwäit Emissioune vun Zäregase wieren nach ëmmer op engem Rekordniveau, esou den UN-Generalsekretär António Costa e Mëttwoch am Kader vun der Presentatioun vum sougenannten "Emissions Gap Report" vum "Unep", knapp dräi Woche virun der Weltklimakonferenz zu Antalya.

D'"Unep" ermëttelt an hirem Rapport all Joer den Ecart tëscht den erwaarten Zäregasemissiounen an de Wäerter, déi néideg sinn, fir d'Ziler vum Paräisser Klimaaccord ze erreechen. Dësen Ecart wier der neister Editioun vum Rapport no frappant: Esouguer wann alleguer d'Länner hir neist Zousoen a puncto Klimaschutz komplett géifen implementéieren, géif ee bis 2100 op eng global Erwiermung vun 2,6 Grad Celsius duersteieren. En Vue vum aktuelle klimapolitesche Cours vun de Länner wier esouguer mat enger Erwiermung vun 2,8 Grad ze rechnen.

Am Paräisser Klimaaccord gouf jo festgehalen, dass een déi global Erwiermung bis 2100 op ënner 2 Grad Celsius wéilt halen, am Beschte bei 1,5 Grad. Ma aus dësem Maximal-Zil géif scho sécher näischt méi ginn.

Back to Top
CIM LOGO