"Hien huet de Verstand verluer"Weltwäit Reaktiounen op dem Trump seng Pläng fir d'Gazasträif

RTL Lëtzebuerg
Ënner Féierung vun den USA kéint aus der Gazasträif eng Riviera vum Noen Oste ginn, heescht et vum US-President.
© BRYAN DOZIER / Middle East Images / Middle East Images via AFP

Trump Reaktiounen iwwer Gaza / Reportage Marlène Clement

D’USA géifen d’Kontroll iwwert d’Gazasträif iwwerhuelen an d’Regioun ekonomesch entwéckelen. Dat sot den US-President Donald Trump no enger Entrevue mam israeelesche Regierungschef Netanjahu zu Washington.

Et géif een alleguerten d’Bommen an d’Waffen aus der Regioun erausbréngen an d’Gebitt “plattmaachen”, fir et duerno nei opzebauen. Esou géifen Dausenden Aarbechtsplazen an neie Wunnraum geschaf ginn, heescht et vum US-President.

Déi ronn zwou Milliounen Awunner vun der Gazasträif sollen dem Donald Trump no ëmgesidelt ginn, an an Zukunft an den arabesche Staaten am Noen Oste liewen.

D’Decisioun wier dem Donald Trump no net liichtfäerdeg getraff ginn. Ma aner Länner an der Regioun, deenen hien de Projet erkläert huet, wiere begeeschtert.

“Hien huet de Verstand verluer”

Eng séier Reaktioun op dem Donald Trump seng Iddi gouf et aus Saudi-Arabien. An engem Schreiwes vun der saudescher Regierung heescht et, dass ee géif onverännert u senger Positioun festhalen, dass et en onofhängege palästinensesche Staat bräicht. Et géif ee keng Amëschung an d’Rechter vum palästinensesche Vollek toleréieren.

Kritik un der Propos gouf et och vun der Hamas, déi am Trump senger Propos e “Rezept fir Chaos an Tensiounen an der Regioun” gesäit.

Och d’US-Demokraten hu mat staarker Kritik op dem US-President seng Iddi reagéiert. Wéi de Senateur Chris Murphy op X schreift, hätt den Donald Trump de Verstand verluer. Eng amerikanesch Invasioun vun der Gazasträif géif zum Doud vun Zéngdausenden US-Zaldoten a joerzéngtelaange Kricher am Noen Oste féieren

De Brian Katulis, Middle East Institute, Washington DC:

“Ech mengen, hien erfënnt Saachen a rëselt se aus dem Aarm. Ech si mer sécher, en huet kee Plang. A wann et e Plang gëtt, dann ass e komplett realitéitsfriem am Kontext vum Noen Osten haut. Et gouf keng Ofstëmmung mat de Palestinenser an de Länner ronderëm wéi Jordanien an Ägypten, déi direkt den éischte Schrëtt verwerfe fir d’Leit opzehuelen.”

D’Francesca Albanese vun der UNO:

“Wat hie virschléit, ass kompletten Onsënn. Total absurd. An illegal, well et wier eng ethnesch Botz. Schlëmmer nach: et wier eng forcéiert Deportatioun. Also en internationaalt Verbriechen. Forcéiert Deportatioun an Enteegnung. An an engem Kontext vu Genozid géif et d’Complicitéit stäerke mat de Verbriechen, déi vun Israel ausgoungen an de leschte 15 Méint a virdrun.”

D’Rietsnationalisten an déi fundamentalistesch Zionisten, vun deenen déi hauchdënn Majoritéit vun der Netanyahu-Regierung ofhängt, hunn d’Ukënnegung vum Donald Trump begréisst.

De Bezalel Smotrich, israeelesche Finanzminister:

“Elo begruewe mer d’Iddi vun engem Palestinenserstaat. Mir soe Merci fir dat, wat mer gëschter vum President Trump héieren hunn an och Merci un de Premier Benjamin Netanyahu”.

Virun allem war d’Deklaratioun awer och e Schoss an den eegene Knéi. Washington sicht enk Relatiounen tëscht Israel a Saudi-Arabien, déi sougenannt Abraham Accords. Déi schléisst Saudi-Arabien formell aus, bis dass d’Palestinenser hiren eegene Staat hunn.

Back to Top
CIM LOGO