
Schonn am Januar, wou e Grupp vu WHO-Wëssenschaftler zu Wuhan a China eng Enquête gemaach huet, wier Peking net immens kooperativ gewiescht.
Fir den dänesche Wëssenschaftler Peter Ben Embarek, deen d’WHO-Missioun zu Wuhan geleet huet, ass d’Theorie, dass de Virus net-express aus engem Labo entwëscht ass, eng vun de warscheinlechsten Hypotheesen. Déi chinesesch Wëssenschaftler hätte sech immens schwéier gedoen, iwwerhaapt mat der WHO iwwert dës Hypotheese ze diskutéieren.
Den dänesche Wëssenschaftler begrënnt seng Theorie domadder, dass zu Wuhan am Institut fir Virologie mat Fliedermais geschafft gouf, déi de Virus a sech haten. Fir de Peter Ben Embarek wier et plausibel, dass de Virus sech do op e Mataarbechter iwwerdroen huet, dat sot hien an enger dänescher Tëleesreportage.
Elo hat d’WHO vun de chineseschen Autoritéite Primärdonnéeën iwwert déi éischt Coronafäll zu Wuhan gefuerdert, fir méi iwwert den Ursprong vum Coronavirus gewuer ze ginn. China huet dës Fuerderung zeréckgewisen a weist sech net kooperativ.
Schonn am Mäerz, wou de Rapport vun der WHO iwwert déi éischt Missioun publizéiert gouf, stoung China an der Kritik. Eng Partie Staate ware besuergt, dass China wichteg Donnéeë verstoppt, déi eppes iwwert den Ursprong vum Coronavirus verrode kéinten.