KiewWichteg Bréck an Atomfuerschungsanlag bei russeschen Attacke getraff

AFP, iwwersat vun RTL
An der Lescht huet Russland seng Attacken op d'ukrainesch Haaptstad verstäerkt. Dobäi goufen eng fir d'Logistik wichteg Bréck an eng Atomfuerschungsanlag getraff.
Bei russischen Drohnenangriffen sind ukrainischen Angaben zufolge eine der wichtigen Brücken in Kiew und am Vortag eine Atomforschungsanlage in der ukrainischen Hauptstadt getroffen worden.
D'Südbréck zu Kiew gouf bei russeschen Attacke getraff.
© AFP

Rezent wier bei russeschen Attacken eng wichteg Bréck zu Kiew getraff ginn. Dobäi wier de Stëtzberäich vun der Südbréck getraff ginn, heescht et vum Buergermeeschter Vitali Klitschko en Donneschdeg. Den Dag virdrun war der ukrainescher Atomopsiichtsautoritéit no och eng Atomfuerschungsanlag zu Kiew vun enger russescher Dron getraff ginn. D'Awunner goufen no Stroumpannen an e puer Regiounen opgeruff, Energie ze spueren.

D'Südbréck, déi de Westen an den Oste vu Kiew verbënnt, gouf temporär gespaart, méi spéit awer nees opgemaach, wéi Reporter vun der Noriichtenagence AFP mellen. Experten hätte keng schwéier Schied un der Konstruktioun festgestallt, heescht et an deem Kontext vun der Stadverwaltung.

Opnamen, déi op Telegram verëffentlecht goufen, weisen eng Explosioun an der Géigend vun de Peiler vun der Bréck, iwwer déi souwuel Stroosseverkéier leeft, wéi och Zich vun der Metro fueren. Dono ass eng déck schwaarz Dampwollek ze gesinn, déi vun der Bréck an d'Loft klëmmt.

D'Brécken an der ukrainescher Haaptstad si wichteg fir d'Logistik. Déi lescht Attack op eng Bréck zu Kiew war am Oktober 2022: Deemools war eng russesch Rakéit an eng Bréck am Zentrum ageschloen, déi fir de Verkéierssystem keng grouss Bedeitung hat an nëmme fir Foussgänger a Cycliste war.

D'ukrainesch Atomopsiicht huet iwwerdeem en Donneschdeg matgedeelt, datt e Mëttwoch den Terrain vun enger Atomfuerschungsanlag zu Kiew getraff gi wier. Doduerch wier e Brand ausgebrach, deen awer geläscht gi wier. Blesséiert wier och kee ginn. De klenge Reakter, deen zanter 2022 ausser Betrib ass a bei deem den Uran aus dem Kär erausgeholl gouf, wier net beschiedegt ginn, an et wier keng erhéicht Radioaktivitéit festgestallt ginn.

Wou genee d'Dron ageschloen ass, gouf net gesot. De Fuerschungsreakter hat eng Leeschtungscapacitéit vu ronn zéng Megawatt, ronn een Honnertstel vun der Capacitéit vun engem konventionellen Atomreakter. Weder Russland nach déi International Atomenergieagence IAEA hu sech zum Virfall geäussert.

Back to Top
CIM LOGO