JD VanceWien ass dem Trump säi Kandidat fir de Poste vum Vizepresident?

RTL Lëtzebuerg
Zanter e Méindeg den Owend ass gewosst, dass den JD Vance dem Donald Trump säi Kandidat fir de Poste vum US-Vizepresident ass.
© KAMIL KRZACZYNSKI AFP

Dat hat den Donald Trump bekannt ginn, kuerz éier hien um Nationalkongress vun der Republikanescher Partei eestëmmeg, offiziell zum Presidentschaftskandidat gewielt gouf.

JD Vance: Vum Kand aus schwieregen Ëmstänn zum räiche Venture-Kapitalist

Den James David - kuerz JD Vance - ass knapps 40 Joer al a vertrëtt zanter 2022 de Bundesstaat Ohio am US-Senat. 2016 gouf hien engem grousse Public duerch seng Memoiren “Hillbilly Elegy” bekannt. Am Buch, dat séier e Bestseller ginn ass, beschreift hie seng Kandheet ouni Papp, deen d’Famill verlooss huet, wéi de Vance nach ganz kleng war. Well seng Mamm Drogen- an alkoholsüchteg war, gouf den JD Vance vu senge Grousselteren opgezillt. Hie beschreift och d’Aarmut an där Géigend a wéi d’Leit falsch domat géifen ëmgoen: Amplaz ze schaffen a sech selwer ze hëllefen, géinge se an den Dag era liewen a wieren ofhängeg vu staatleche Subventiounen.

D’Korrespondenz aus den USA vum George Zens

Den JD Vance selwer huet sech eropgeschafft, vun den US-Marines iwwert d’Ohio State University a Yale bis zum
räiche Venture-Kapitalist. Ier en an d’Politik gaangen ass, huet hie sech ganz kritesch iwwert den Donald Trump geäussert. Hien huet seng Meenung awer zimmlech séier geännert an ass an de leschte Joren zu engem vum Donald Trump senge gréisste Supporter ginn.

Hie kéint den Demokraten nach Kappzerbrieches maache, well och wann hien déi selwecht Politik vertrëtt ewéi den Donald Trump, sou trëtt hien awer ganz anescht op. En ass héiflech, kultivéiert, intelligent an e schwätzt gutt.

Florida: Riichterin verwërft Prozess géint Donald Trump wéinst prozeduralem Feeler

Eng gutt Nouvelle fir den Donald Trump koum iwwerdeems e Méindeg aus Florida. Do huet eng Riichterin e Prozess géint hie wéinst Mësshandlung vu Geheimdokumenter verworf. Dat, well de Spezialprocureur, deen d’Enquête géint den Donald Trump geleet huet, falsch ernannt gi wier. Dat hätt net de Justizminister däerfe maache, mee nëmmen de Kongress. Dat ass allerdéngs eng ganz ëmstridden legal Theorie, an de Spezialprocureur huet schonn ugekënnegt, an Appell ze goen.

Back to Top
CIM LOGO