
Wärend zwee Deeg wäert de Wladimir Putin a Kirgistan um Treffe vun der Shanghaier Organisatioun fir Zesummenaarbecht (SOZ) deelhuelen. Scho kuerz no senger Arrivée an der Haaptstad Bischkek huet de russesche President säi chineeseschen Homolog Xi Jinping getraff. Un deem Sommet wäert och den iranesche President Massud Peseschkian deelhuelen, deem säi Land, genee wéi Russland, zu deene gehéiert, déi am meeschte sanktionéiert sinn.
Der Shanghaier Organisatioun fir Zesummenaarbecht gehéiere nieft China, Russland an dem Iran och Belarus, Indien, Pakistan a véier zentralasiatesch Staaten un. Weider 15 Länner hunn d'Roll vu Beobachter oder "Dialogpartner", dorënner d'Tierkei, Saudi-Arabien a Qatar. Zu Bischkek soll de 25. Anniversaire vun deem Bündnis gefeiert ginn.
D'Organisatioun versteet sech säit hirer Grënnung net als Géigner vun anere Staaten. Putin a Xi hunn Treffen awer scho méi dacks dofir genotzt, fir hir Visioune vun enger multipolarer Welt duerzeleeën a sech esou als Géigegewiicht zum Westen z'inzenéieren. D'lescht Joer hat de Kreml-Chef dem Weste virgehäit, de Krich an der Ukrain provozéiert ze hunn, wärend de Xi geklot hat, et wéilt ee sengem Land Angscht maachen, wat eng Uspillung op d'Spannunge mat den USA war.
Um Bord vum Sommet a Kirgistan sinn eng Rei bilateral Entrevuë geplangt. Sou wëllt de Putin och seng Homologen aus dem Iran, der Tierkei an Indien gesinn.