Lëtzebuerger Student kritt Recht virum EuGHWollt Medezin an der Belsch studéieren, ma gouf net ugeholl

Carine Lemmer
Wéinst sengem Wunnsëtz am Ausland ass hien ënnert den auslännesche Kontingent gefall, eppes dat d'Geriicht awer anescht gesäit.
© vectorfusionart - stock.adobe.com

E jonke Lëtzebuerger krut virum Europäesche Geriichtshaff hei zu Lëtzebuerg Recht an enger Affär, an där et ëm d'Umeldung op enger Uni goung. Hie wollt an der Belsch Medezin studéieren, mä ass awer um Kontingent vun den auslänneschen Studenten gescheitert.

Am franséischsproochegen Deel vun der Belsch däerfen all Semester just 15 Prozent vun den neie Medezin-Studente aus dem Ausland kommen. Decisiv ass de Wunnsëtz.

De Lëtzebuerger, deen 2022 viru Geriicht gaangen ass, an de Kontingent souguer nach bei 30% souz (gouf 2023 op 15% reduzéiert), huet zwar zu Lëtzebuerg gewunnt, ass awer zu Arel an d'Schoul gaangen an huet och do säin Ofschloss gemaach.

Den Examen, fir als Medezinsstudent zougelooss ze ginn, hat e gepackt. Wéinst sengem Wunnsëtz am Ausland ass hien ënnert den auslännesche Kontingent gefall. Dat war awer net richteg, sou den Europäesche Geriichtshaff am huet dem Lëtzebuerger Recht an der Affär ginn.

Back to Top
CIM LOGO