Zéngdausende Leit sinn e Mëttwoch a Kolumbien op d'Strooss gaangen, fir géint d'Regierung vum President Abelardo de la Espriella ze protestéieren. Et ass déi éischt grouss Protestaktioun vun der Oppositioun, zanterdeem dem de la Espriella seng rietskonservativ Regierung am August un d'Muecht komm ass.
Ënnert sengem lénke Virgänger Gustavro Petro gouf den Accès zu den Universitéiten ausgebaut, de Mindestloun gehéicht an d'Aarbechtskonditioune verbessert. D'Angscht vun den Demonstranten ass, datt dës Acquisen ënnert der aktueller rietser Regierung nees verschwannen.
En anere Kritikpunkt ass d'Aussepolitik. Den neie President – en enthusiasteschen Alliéierte vum US-President Trump – huet d'diplomatesch Relatioune mat Israel nees opgeholl a wëll Jerusalem als israeelesch Haaptstad unerkennen.
D'Protester si friddlech ugaangen, ma am Laf vum Dag ass d'Situatioun plazeweis méi hëtzeg ginn an d'Police ass mat Waasserwerfer an Tréinegas géint d'Demonstrante virgaangen.
Aus konservative Kreesser kritt den de la Espriella virun allem wéinst sengem Virgoe géint d'Guerilla-Gruppéierungen am Land Ënnerstëtzung. Dës haten hir Waffen net néiergeluecht, wéi d'Rebelle vun der FARC viru ronn zéng Joer hir Waffen néiergeluecht hunn.