Kanadesch Metropol ënner WaasserZéngdausende Mënschen zu Toronto ouni Stroum

AFP, iwwersat vun RTL
No engem ongewéinlech heftege Stuerm hunn an der kanadescher Metropol Toronto zéngdausende Mënschen en Donneschdeg den Owend kee Stroum méi.
Esou vill Reen ewéi soss an engem ganze Mount...
Esou vill Reen ewéi soss an engem ganze Mount...
© MERT ALPER DERVIS/Anadolu via AFP

Déi wichtegst Stroosse an der Milliounestad stinn nom Stuerm vun e Mëttwoch ënner Waasser. "Beem a Stroumleitunge sinn ëmgefall an zéngdausenden Awunner sinn ouni Stroum", sou d'Buergermeeschterin vun Toronto Olivia Chow.

Hefteg Wiederextreemer sinn zu Toronto ongewéinlech, ma e Mëttwoch war bannent e puer Stonnen esou vill Reen erofkomm wéi soss am Duerchschnëtt de ganze Mount September. "Dat nennt ee Joerhonnertstuerm", erkläert de Generaldirekter fir Déngschtleeschtungen an der Stad, de Paul Johnson. D'Wandstéiss hate bis zu 84 Stonnekilometer erreecht. E Stadion mat Plaz fir 50.000 Leit gouf beschiedegt an de Loftverkéier war e Mëttwoch den Owend gestéiert.

Back to Top
CIM LOGO