E Sonndeg sinn a Serbien Parlamentswalen. Zu Belgrad hunn Zéngdausende Supporter vun der Oppositioun d'Enn vum Aleksandar Vucic senger Regierung gefuerdert. Onofhängege Schätzungen no ware bis zu 150.000 Leit an de Stroosse vun der serbescher Haaptstad ënnerwee, fir sech schliisslech op der Salvija-Plaz ze versammelen.
Déi sougenannte Lëscht vun de Studenten huet et sech zum Zil gesat, d'Regierung vun der rietspopulistescher Serbescher Fortschrëttspartei ënnert dem Aleksandar Vucic no 14 Joer ofzeléisen. De Vucic war Enn September no néng Joer am Amt vu sengem Posten als President zréckgetrueden a kandidéiert elo fir d'Plaz vum Regierungschef, déi hie schonn dräi Joer laang hat, éiert hie President gi war.
Mat sengem Récktrëtt hat de Vucic de Wee fräi gemaach fir Neiwalen an hat domat der Fuerderung vun der studentescher Protestbeweegung entsprach, déi entstane war, nodeems am November 2024 an der Stad Novi Sad de Virdaach vun enger Gare agefall war a 16 Leit d'Liewe kascht hat. No an no waren d'Theme vun den Demonstranten op generell Kritik un der Regierung an un der landeswäit verbreeter Korruptioun iwwergaangen.
Den Aleksandar Vucic gesäit an der Protestbeweegung e Putschversuch, dee vum Ausland finanzéiert ass. Onofhängege Gruppen no war de Walkampf vu Festnamen, Angscht maachen a Mëssbrauch vun ëffentleche Gelder gepräägt. Prognosen, op déi ee sech verloosse kéint, ginn et keng. E Politikwëssenschaftler vun der Universitéit Belgrad rechent domat, dass d'Studentelëscht méi wéi 40 Prozent vun de Stëmme wäert kréien.