Gesetzprojet fir d'Ekonomie unzekuerbelenZolitte Géigewand fir de Premierminister vun der Provënz Québec

RTL Lëtzebuerg
De Problem deen d'Oppositioun an och vill Wieler un der proposéierter Reform gesinn, dass d’Regierung ze vill Autoritéit kréie géif.
© AFP (Archiv)

Korrespondenz Kanada / Reportage Nadine Kremer

Mam Deconfinement kënnt d‘Liewen an der Provënz Québec lues a lues erëm a säin normale Rhythmus. Virun der Summerpaus vun der Regierung wollt de François Legault, Premierminister vun der Provënz Québec, e Gesetzesprojet duerchboxe fir d’Ekonomie unzekuerbelen. Dobäi ass en op Géigewand vun alle Säite getraff.

De François Legault ass net deen éischten, dee probéiert huet een ëmstriddene Gesetzesprojet stëmmen ze loossen, wärend d‘Bevëlkerung duerch d’Corona-Kris a Protester ofgelenkt ass. Hien ass domat awer net duerchkomm.

Den 3. Juni huet seng Regierung de sougenannte Gesetzesprojet 61 proposéiert. D’Iddi ass d’Ekonomie nom Confinement unzekuerbelen an de Chômage ze bekämpfen. Ënnert dëse Projet falen 202 Chantieren: de Bau vun Altersheemer a Schoulen, d’Renovéierung vu Klinicken a Stroossen, oder den Ausbau vum ëffentlechen Transport.

Duerch d‘Verkierze vun administrativen Demarchë solle Chantiere méi séier ufänken an de Réckstand, provozéiert duerch d’Corona-Kris, opgeholl ginn.

De Premier wëll de Summer esou gutt wéi méiglech notzen, nodeems an de leschte Méint all Chantier brooch louch. Dëst ass am Kanada besonnesch wichteg, well duerch de laange Wanter mat extrem kalen Temperaturen an deem ville Schnéi just am Fréijoer an am Summer iwwerhaapt op de Chantiere geschafft ka ginn.

Mee de Legault krut Géigewand vun alle Säiten, souguer vu sengen eegene Wieler.

De Problem un der proposéierter Reform ass, dass d’Regierung ze vill Autoritéit kréie géif. Si kéint Konditioune fir Projete selwer festleeën a se ufänken, wann nach Geneemegungen ausstinn. Och d’Méiglechkeete vu juristesche Poursuitte sollen ageschränkt ginn. Dëst géif zu Korruptioun feieren an dozou, dass verschidden Ëmweltnormen net respektéiert misste ginn.

Duerch dës Mesurë géif de Gesetzesprojet eng Base kreéieren, déi an Zukunft kéint mëssbraucht ginn, well d’Bevëlkerung an d’Oppositioun manner Matsproocherecht hätten.

De Premier vun der Provënz Québec wollt och den hygieneschen Noutstand fir zwee weider Joer ausruffen, wat d’Oppositioun ze laang fënnt.

Donieft gëtt de Premier kritiséiert, well en der Oppositioun net emol 10 Deeg fir d’Analyse vum Gesetzesprojet ginn huet, ier d’Regierung elo an d’Summerpaus gaangen ass.

Seng Regierung huet no der Kritik munch Punkten iwwerschafft, esou dass trotz verkierzte Prozedure méi Reglementer misste respektéiert ginn. Trotzdeem gouf gouf de Projet Ufanks der Woch definitiv vun der Oppositioun ofgeleent.

De Legault well eng aktualiséiert Versioun am Hierscht op en Neits ubidden. Esou sollen op d’mannst puer Chantieren nach virum laange Wanter méi séier kënnen ofgeschloss ginn.

Back to Top
CIM LOGO