Chineesesche President Xi zu WashingtonZoll-Accord verlängert, wéineg Konkretes a Saachen Iran

AFP, iwwersat vun RTL
Den US-President Donald Trump huet d'Staatsvisitt vum chineesesche President Xi Jinping zu Washington als "ganz produktiv" a positiv fir béid Länner bewäert.
Den US-President begréisst säi chineeseschen Homolog.
Den US-President begréisst säi chineeseschen Homolog.
© SAUL LOEB/AFP

Bei de Gespréicher tëscht den USA a China wieren "enorm Fortschrëtter" gemaach ginn, sou den US-President Donald Trump.

Wéineg Konkretes a puncto Iran

Den Trump sot och, hien hätt mam Xi iwwer den Iran-Krich geschwat. Op d'Fro, ob et Fortschrëtter bei der méiglecher Reouverture vun der Strooss vun Hormus géif ginn, huet hie geäntwert, hie géif dovun ausgoen, datt et "ganz gutt" géif lafen.

Besuch vun der Tech-Industrie

Beim Staatsbanquet am Wäissen Haus waren eng Rei vun de wichtegste Vertrieder vun der amerikanescher Tech-Industrie dobäi, dorënner den Elon Musk, den Jensen Huang vun Nvidia, de Sam Altman vun OpenAI, den Tim Cook vun Apple an de Mark Zuckerberg.

China léisst d'Geschäftsleit fir d'Visitt zu Washington doheem

Opfälleg war, datt bei der Visitt bal keng chineesesch Geschäftsleit dobäi waren. Vun den 134 Persounen op der Lëscht fir de Banquet waren nëmmen 19 Deel vun der chineesescher Delegatioun.

Experten nennen dofir verschidde méiglech Grënn, dorënner Visa- a Bürokratieproblemer, déi sensibel Natur vu Beräicher wéi KI an och de politesche Widderstand an den USA.

Zoll-Accord bis Januar

Beim Handel gouf direkt no der Arrivée vum Xi eng Verlängerung vun der aktueller Zoll-Eenegung bekannt. Den Accord, deen ursprénglech bis November gëlle sollt, gouf ëm zwee Méint bis Januar verlängert.

Back to Top
CIM LOGO