
Zu Berlin gouf zejoert e geheime Waffendepot entdeckt. Russland gëtt verdächtegt, Agenten do zwou schaarf Waffen hannerluecht ze hunn.
Mat dëser exklusiver Story sinn déi däitsch Medie WDR, NDR an d'Süddeutsche Zeitung e Freideg un d'Ëffentlechkeet gaangen. Um Bord vu Berlin wären d'Waffe professionell verstoppt ginn an enger sougenannter "doudeger Bréifkëscht".
De journalistesche Recherchen no hätt den däitsche Verfassungsschutz zejoert konkret Indicen op déi Plaz kritt. Leit, déi mat der Saach befaasst sinn, wären iwwerzeegt, dass d'Waffe fir Agente waren, déi am Optrag vu Moskau an Däitschland Attacke respektiv Attentater ausféiere sollten, dat mellen d'Medien.
Déi krute vum Bundesamt für Verfassungsschutz iwwerdeems matgedeelt, offiziell géif sech net zu geheimdéngschtlechen Informatioune geäussert ginn. Déi russesch Ambassade hätt op Ufroe vun de Redaktioune guer net geäntwert. D'Sécherheetsautoritéiten an Däitschland warnen zanter Méint virun hybriden Attacke vu Russland.