
Am Joer 2023 war dunn en haut 63 Joer ale Mann festgeholl ginn, dee reprochéiert kritt, de Mord um Tupac mat organiséiert ze hunn. De Duane Davis, fréiere Leader vun der Gang "South Side Compton Crips", hat an engem Buch 2019 geschriwwen, hien hätt d'Waff besuergt an hätt am Auto vun der Dot gesiess. Doropshi gouf nei ermëttelt.
D'Enquêteure ginn dovun aus, dass dee Mann, dee geschoss huet, haut net méi lieft. De Mann, dee sech viru Geriicht veräntwerte muss, plädéiert op onschëlleg. Hie war deemools och am Gang-Milieu vu Compton am Raum Los Angeles aktiv, genee ewéi de Rapper Tupac. Den Duane Davis riskéiert liewenslaange Prisong ouni d'Méiglechkeet, méi fréi entlooss kënnen ze ginn.