Fiat Doblo mat Lëtzebuerger PlackenZu Perl-Besch (D) war en Automobilist am ZickZack ënnerwee an huet méiglecherweis Schued hannerlooss

Andy Brücker
Geschitt ass dat Ganzt en Dënschdeg 29. September géint 16:15 Auer.
© MATTHIAS BALK/dpa Picture-Alliance via AFP

E wäisse Fiat Doblo mat Lëtzebuerger Placken ass en Dënschdeg géint 16:15 Auer an der Tettinger Straße zu Perl-Besch a Richtung Tettingen-Butzdorf gefuer an ass do nawell negativ opgefall. Et goung iwwer verschidde Verbindungsstroosse weider iwwer Borg, Oberleuken op Kesslingen.

Eng ganz Partie Leit hunn den Automobilist gemellt, well en d'Riicht net behalen huet oder zimmlech geféierlech ënnerwee war. Wéi d'Police matdeelt, hätt de Chauffer och kee valabele Fürerschäin gehat. Et geet een dovunner aus, dass hien eventuell och aner Automobilisten a Gefor bruecht huet. Eventuell Zeie respektiv Leit, déi Schued dovu gedroen hunn, solle sech wgl. bei der Polizei Merzig mellen.

Telefon: +49 (0) 6861/7040
E-Mail: pi-merzig@polizei.slpol.de

Back to Top
CIM LOGO