
Mat 34 Deeg Reen um Stéck huet déi japanesch Haaptstad déi längsten naass Phas um Stéck zanter Ufank vun de Meteo-Opzeechnungen erlieft. Den ale Rekord aus dem Summer 2019 wier gebrach ginn, sou de japanesche Wiederdéngscht en Dënschdeg. Zanter Ufank vum Mount sinn deemno um Terrain vun der Stad Tokio ronn 629 Liter Reen op de Quadratmeter gefall.
Den ongewéinlech naassen Hierscht wier op d'mannst deelweis eng Suite vum Klima-Phenomen El Niño, sou d'Meteorologen. Bei dësem Phenomen erwiermt sech d'Surface vum Waasser am ëstlechen an zentrale Pazifik no dem Äquator, wat weltwäit Auswierkungen op Wand, Loftdrock an Néierschléi huet. An der Suite klëmmt de Risiko vun extreme Wiederverhältnisser.