
Wéi d'Police géintiwwer brittesche Medien matdeelt, wier en Zuch am Süde vun England entgleist. Et waren zwar Passagéier u Bord, et wier awer keen "eescht blesséiert" ginn. Géint 15 Auer eiser Zäit huet d'"British Transport Police" op X de Virfall confirméiert. Et wier ee mat Rettungsekippen op der Plaz, huet et am Post geheescht.
Op Biller, déi aus der Regioun East Sussex stamen, kann een erkennen, datt op d'mannst dräi Ween vum Zuch ëmgetippt sinn. Sky News an och d'BBC confirméieren, datt et wuel "keng schlëmmer Blessuren oder esouguer Doudesfäll" ginn hätt. Si beruffe sech dobäi op déi brittesch Regierung. D'Transportministesch Heidi Alexander huet confirméiert, datt den Zuch zu "Southern Rail" gehéiert, déi d'Gebidder südlech vu London mat der Haaptstad verbannen.
Schwéier Zuchaccidenter, grad bei deene Persounen déidlech veronglécken, sinn u sech a Groussbritannien relativ rar. Am Juni awer war e Maschinist vun engem Zuch ëm d'Liewe komm an Dosende Leit ware blesséiert ginn, wéi zwee Zich am Norde vu London matenee kollidéiert waren.