
De franséischen Transportminister Philippe Tabarot huet confirméiert, dass e Freideg den Owend géint 19:45 Auer an der Normandie en Zuch entgleist ass. Tëscht de Stied Rouen a Caen, an der Gemeng Cléon, wier et aus bis elo ongekläerter Ursaach zum Ongléck komm mat engem TER (Transport Express Régional).
U Bord ware ronn 180 Passagéier, dovu sinn der 44 blesséiert ginn an eng Fra wier a Liewensgefor, heescht et vun den Autoritéiten op der Plaz, déi en Noutfallplang aktivéiert hunn. Der SNCF no wier d'Streck aktuell gespaart an de Stroum ofgeschalt gi fir d'Noutdéngschter net a Gefor ze bréngen, déi am Asaz sinn. Tester op verbuede Substanze beim Maschinist wieren "negativ" gewiescht.