Traunstein a BayernZuch huet misste wéinst Brandgefor evakuéiert ginn

RTL Lëtzebuerg
Eng 200 Passagéier ware vun dësem Tëschefall betraff.
De Logo vun der däitscher Bunn op der Haaptgare zu Berlin
De Logo vun der däitscher Bunn op der Haaptgare zu Berlin.
© CARSTEN KOALL/dpa Picture-Alliance via AFP

Wéinst Brandgefor gouf e Sonndeg de Moien am uewerbayereschen Traunstein en Zuch evakuéiert. 200 Passagéier hunn hire Waggon misse verloossen, well d'Bremsen iwwerhëtzt waren. Den Zuch war vu Salzburg op München ënnerwee. Zu Traunstein goufen déi 200 Persounen dann an enger Turnhal medezinesch ënnersicht a konnten dunn mat aneren Zich weiderfueren.

Back to Top
CIM LOGO