
Wéinst enger Stéierung am Zuchfunknetz kënnt et zu massive Stéierungen am däitschen Zuchverkéier. De Betrib ass landeswäit agestallt, betraff sinn Fern- a Regionalzich esou wéi d'S-Bahn. En Enn vun der Stéierung ass de Moment nach net ofzegesinn, heescht et op der Säit zuginfo.nrw.
Op Säite vun den CFL war um Dënschdeg den Owend nach keng Informatioun, ob och Zich aus Lëtzebuerg vun de Perturbatiounen an Däitschland betraff sinn.