
Nei Satellittebiller weisen dat ganzt Ausmooss vun der Naturkatastroph, mä et wäert nach eng Zäitchen daueren, bis een de geneeën Iwwerbléck huet. No der déidlecher Flut an de Bullislawinen an der Regioun Bagmati am Nepal leeft d'Sich no den iwwer 1.400 Vermësste weider op Héichtouren. Dem leschte provisoresche Bilan vun e Freideg de Moien no si 469 Mënschen ëm d'Liewe komm, wéi d'Waassermasse ganz Dierfer zerstéiert hunn. Ënnert den Affer sinn och vill auslännesch Touristen.
China huet bis elo 3 Doudesaffer confirméiert. De chineesesche CCTV mellt iwwerdeem e Freideg, datt déi 499 Awunner a 555 Touristen, déi am Katastrophegebitt festsouzen, a Sécherheet bruecht gi wieren. Wéi eng Nationalitéit déi Leit hunn, gouf net gesot.
Wéi d'Noriichtenagence AFP e Freideg de Moie mellt, gouf wéinst der Iwwerschwemmungsgefor och d'Sich no de Vermëssten am Zentrum vum Katastrophegebitt am Tibet gestoppt. D'Autoritéite fäerten, datt en Damm an der Katastropheregioun am Tibet brécht a weider Iwwerschwemmungen ausléist. Duerch d'Flut e Mëttwoch ass immens vill Waasser an e Séi op där Plaz gefloss an dëse kéint elo iwwerlafen. Dem chineesesche Waasserministère no soll et déi nächst dräi Deeg reenen, wouduerch de Volume vum Séi op ronn dräi Millioune Kubikmeter wuesse kéint. Wann de Séi iwwerlafe géing, kéint et duerch d'Waassermassen am Katastrophegebitt weider Schied ginn.
Experte siche weider no der geneeër Ursaach vun der Katastroph. Den Ament geet et dovunner aus, datt e Stéck vun engem Gletscher sech geléist huet.