
Et ass deen héchsten Niveau zanter 13 Joer. Am Ganzen goufe vu Januar bis Juni dëst Joer 12.812 Faillitten enregistréiert. Dat huet d'Statistescht Bundesamt zu Wiesbaden e Freideg matgedeelt. Eleng am Juni wier d'Zuel ëm 15,8 Prozent am Verglach am Verglach mam Joer virdrun an d'Luucht gaangen, op am Ganzen 2.266. Dat wier souguer den héchste Wäert an engem Mount zanter 14 Joer gewiescht.
Bezunn op 10.000 Firmen gouf et am éischten Hallefjoer am Ganzen 36,2 Faillitten, déi Meescht am Beräich Verkéier a Stockage mat 71,6 Fäll op 10.000 Entreprisen. Hannendrun kënnt d'Restauratioun mat 59,6 Faillitten a Konstruktioun mat 53,4.
Experte gesinn an den Zuelen e Warnsignal un d'Koalitioun. Se missten un hire Reformpläng festhalen. Wichteg fir d'Betriber wier eng reell Verbesserung vun de Konditiounen an de Wirtschaftsstanduerter.