
Am Nepal ginn et antëscht 987 confirméiert Doudesaffer, huet de Katastropheschutz en Dënschdeg matgedeelt. Chineesesch Staatsmedie schwätzen iwwerdeems vu 16 Doudegen am Tibet. D'Iwwerschwemmung hat d'lescht Woch e Mëttwoch am Grenzgebitt tëscht dem Nepal an Tibet ganz Uertschafte mat sech gerappt. Déi nepaleesesch Autoritéite schwätzen nach vun engen 3.900 Vermëssten. Am Tibet sinn et der nach iwwer 500, wéi chineesesch Staatsmedie mellen.
Trotz dem Leed an der Zerstéierung ginn et awer ëmmer nach gutt Nouvellen aus der Regioun. En Dënschdeg gouf ee Video verëffentlecht vun enger onwarscheinlecher Rettung, dräi Deeg no de schroen Iwwerschwemmungen. Ee sechs Joer aalt Meedche konnt schwaach awer lieweg aus Trümmer gebuerge ginn, ënnert deenen et dräi Deeg laang festsouz.
An den Nouvelle war dëser Deeg och een Enseignant, dee ronn 900 Kanner a Jugendlecher aus senger Schoul mat enger behäerzter Aktioun warscheinlech d'Liewe gerett huet. Wéi ënnert anerem déi brittesch "BBC" bericht, huet den Enseignant d'Kanner an de leschte Minutten aus der Schoul evakuéiere kënnen, ier d'Waassermassen d'Duerf mat fortgerappt hunn. Den Rajendra Dawadi sot der BBC, hien hätt véier verschidde Warnunge vu Leit bannent just e puer Minutte kritt, an hätt doropshin decidéiert, aktiv ze ginn. Nach wärend d'Kanner evakuéiert goufen, hu si gesinn, wéi een Hostel-Gebai ronn 100 Meter wäit fort vum Floss zerstéiert gi wier. "Wa mir déi Decisioun 10 Minutte méi spéit getraff hätten, wäre mir all - d'Schüler an ech - mir kéinten haut net méi mat iech schwätzen", sot hien de Medie géigeniwwer.
Mat Hoffnung an Angscht gëtt iwwerdeems och op d'Rettungsefforten fir Honnerten Aarbechter gekuckt, déi warscheinlech nach an Tunnelle vu Waasserwierker an der Géigend feststiechen. Eng privat Associatioun, déi d'Energieproduzente vertrëtt, huet vun op d'mannst 900 vermëssten Aarbechter geschwat, déi un den insgesamt 12 Waasserwierk-Projete geschafft hätten. Ronn 500 vun hinne kéinten deemno nach an Tunnelle feststiechen, ma d'Angscht klëmmt, datt hinnen elo - sechs Deeg no der Katastroph - an den Tunnellen d'Loft ausgoe kéint.
