Süde vu ChinaZuel vun den Doudesaffer no Iwwerschwemmunge klëmmt op 159

AFP, iwwersat vun RTL
Bis ewell war a sech vun 39 Doudesaffer rieds gaangen.
© DANIEL CENG/Anadolu via AFP

Ronn sechs Wochen no den uergen Iwwerschwemmungen an der Regioun Guangxi am Süde vu China ass d'Zuel vun den Doudesaffer de Staatsmedien no op 159 geklommen. Zéng weider Persoune ginn ëmmer nach vermësst, sou déi staatlech Chaîne CCTV e Freideg. Bis ewell war vun 39 Doudesaffer rieds gaangen.

Den Taifun "Maysak" war am Juli iwwer Deeler vu Südchina gezunn an hat CCTV no iwwer 1,6 Millioune Leit an de Stied Nanning a Guigang getraff. "Am Moment befanne sech béid Gebitter komplett an der Phas vun der Erhuelung an dem Opbau no der Katastroph", sou CCTV weider.

Back to Top
CIM LOGO