
De Michel Liebgott krut en Donneschdeg nees e Bréif, an deem eng verdächteg Substanz dra fonnt gouf, zesumme mat schrëftlechen Doudesmenacen. Hie selwer war deen Ament net op der Gemeng.
Doropshi gouf de Service déminage vun der franséischer Police vun Nanzeg geruff, fir Tester ze maachen. Wärend deene koum et zu enger cheemescher Reaktioun an enger Verpuffung, duerch déi zwee Beamte blesséiert goufen. Een am Gesiicht an een un der Hand. Allebéid koumen an d'Spidol. De Michel Liebgott huet nees Plainte gemaach.
Franséische Medien no wier et mëttlerweil déi 15. Doudesmenace, déi hien an de leschten 8 Joer krut, wuel allkéiers vum selwechten Ofsender.