
De Reesbus war an der Géigend vu Buchloe no riets vun der Strooss ofkomm an ass ëmgekippt. Dat huet eng Porte-parole vun der Police Oberbayern der Noriichtenagence AFP matgedeelt. Et soll sech ëm e Bus vun enger Reesagence handelen, wou 40 bis 50 philippinnesche Staatsbierger dra souzen. Der Police no gouf et nieft den Doudesaffer och nach 8 schwéier Blesséierter.
D'Autobunn huet missen an zwou Richtunge gespaart ginn wärend de Rettungs- an Opraumaarbechten.