
Zu Minneapolis sinn e Mëttwoch zwee Leit bei enger Schéisserei ëm d'Liewe komm. E puer Leit goufe blesséiert, wéi den Täter bei engem Appartementshaus ronderëm sech geschoss huet. Och hie wier dout, heescht et vun der Police. Déi genee Ëmstänn vu sengem Doud wieren awer nach net genee gewosst.
Engem Policespriecher no war eng Persoun nach op der Plaz gestuerwen. Véier weider Affer koumen an d'Spidol, wou ee vun hinnen un de Suitte vu senge Blessure gestuerwen ass. Och dräi Polizisten hu missen an der Klinik versuergt ginn, zwee vun hinne waren ugeschoss ginn. Hiren Zoustand wier dem Spidol no awer "stabil".
De Gouverneur vu Minnesota, den Tim Walz, hat d'Ëffentlechkeet dozou opgeruff, "fir Minnesota ze bieden". Den FBI-Chef Kash Patel huet erkläert, datt seng Beamten am Asaz wieren.