
Wien d‘Affer sinn, ass bis ewell nach net gekläert, heescht et vun der Police. De staarke Wand mécht d‘Läsche vum Feier besonnesch schwéier.
Op der Plaz sinn e sëllege Pompjeeën, mat Gefierer a Spezialunitéiten. Donieft si Läschfliger an Helikopter am Asaz. Wéinst der Gefor fir d‘Leit déi an der Géigend wunnen, goufen dës opgeruff, déi betraffe Gebidder ze verloossen. D‘Autoritéiten preparéieren aktuell eng koordinéiert Evakuatioun per Schëff.