Viru rumänescher KüstZwee Doudeger bei Brand op Schëff um Schwaarze Mier, Selenskyj schwätzt vu russescher Dronenattack

RTL mat AFP
Ronn 55 Kilometer vun der rumänescher Küst huet e Méindeg e Schëff gebrannt. Den ukrainesche President Selenskyj schwätzt vun enger russescher Attack.
2 Doudeger bei Brand op Schëff um Schwaarze Mier, Selenskyj beschëllegt Russland
Net wäit vun der rumänescher Küst huet e Méindeg e Schëff gebrannt. D'Rettungsaktioun fir déi 11 Crewmemberen war komplizéiert

Zwee Crewmembere vun engem Schëff sinn e Méindeg am Schwaarze Mier no engem Brand u Bord ëm d'Liewe komm an eelef weiderer konnte gerett ginn. Dat huet de rumäneschen Inneministère an der Mëttesstonn matgedeelt.

No den Aussoe vum Ministère gouf déi rumänesch Küstewuecht géint 11 Auer vun der Asazzentral Constanta am Schwaarze Mier iwwert e Brand u Bord vun engem Handelsschëff an der exklusiver Wirtschaftszon vu Rumänien, ronn 30 Séimeile südlech vu Sfantu Gheorghe, alarméiert. D'Schëff ass duerno ënnergaangen.

"En Helikopter vun der Generalinspektioun fir Loftfaart huet déi Blesséiert u Bord gebuergen, fir hinne medezinesch Nouthëllef ze leeschten", huet de Ministère erkläert an huet vun enger "komplexer" Rettungsaktioun geschwat. Vun den eelef gerette Crewmembere wieren der "dräi blesséiert an aacht wuel op", huet d'Spriecherin vun der Marinnenagence Irina Puscasu der AFP erkläert.

Wéi et vun der rumänescher Marinnenagence heescht, huet et sech ëm d'"Royad Mammadov" gehandelt, déi ënnert dem Fändel vu St. Kitts an Nevis gefuer ass.

Op d'Fro no enger méiglecher Dronenattack als Ursaach vum Virfall hat de Verdeedegungsministère fir d'éischt keng Äntwert ginn. Méi spéit huet dann den ukrainesche President Selenskyj matgedeelt, datt et duerch eng russesch Dronenattack zum Brand komm wier.

Back to Top
CIM LOGO