
Een Employé an een externe Mataarbechter si beim Ugrëff ëm d'Liewe komm. 13 Employé goufen iwwerdeems verwonnt. Betraff war d'Fabrik Kryvyi Rih, südëstlech vu Kiew. ArcelorMittal dréckt de Famillen an engem Communiqué d'Bäileed aus.
Wärend dem Ugrëff de Weekend gouf an de Produktiounshale geschafft. No der Attack hätten d'Prozesser misste partiell gestoppt, well eng Rei Produktiounsmaschinne beschiedegt goufen. Spezialiste wieren ArcelorMittal no den Ament domat amgaangen, d'Ausmooss vum Schued ze analyséieren an ze kucken, wéini a mat wéi enge Reparaturen de Betrib nees kéint opgeholl ginn.